Mat franséische Chansons " à la carte" konnten d'Gesangveräiner vu Colmer- Bierg a Viichten zesumme mat hire Frënn ganz vill Gesangliebhaber op hirem Franséischen Owend e Mëttwoch, den 28. Mee an der Sporthaal zu Viichten iwerzeegen. Dese Concert stong ënnert dem Protektorat vun der Colmer a Viichtener Kulturkommissioun. Ënnert der Leedung vum Dirigent Henri Bissen sin ganz schéin a bekannt franséisch Lidder, wéi les Bales populaires, Etoile des neiges, l'important c'est la rose, les lacs du Connemara , Printemps du Charmeur bis hin zu Toutes les femmes sont belles, vun denen ronn 40 Sängerinnen a Sänger mat Bravour op eng professionell Manéier interprétéiert gin. Och d'Solistin Sylvie Schartz- Kips huet di zwee Lidder - Baccarole an Après un rève - mëschterhaft virgedroen. D'Sänger goufe begleet vum Caroline Plekkepoel a Sylvie Schartz- Kips um Keyboard, dem Janos Nadasi um Piano, dem Vania Lecuit op der Géi a vum Maurizio Spiridigliozzi um Akkordeon. Durch den flotten Owend den vun allen Uwiesenden mat vill Applaus honoréiert gouf, huet d'Marianne Kugener- Goethals gefouert. Wien sech dese Concert nach e Mol wëllt unhéieren, kann dat dese Samsdeg den Owend ëm 20 Auer am Kulturtzënter zu Colmer- Bierg mat erliewen (TEXT A FOTOEN: CHAREL REISER)