Gemeng Viichten éiert hir Matbierger mat besonneschem Jubiläum


Viichten: An der Gemeng Viichten ass et schon säit ville Joeren wärend der Adventszäit di schéin Traditioun all Matbierger ze éieren, di am Laaf vum Joer 2023, e besonnëscht Jubiläum dierfen ze feieren. Am Kader vun engem flotten Nomëtteg, ass de Buergermesschter Luc Recken op dat arbechtsräicht Liewen vun de Jubilaren agaangen, di souwoul a gudden wi och a schwéieren Zäiten mat hirem Fleiss an Ausdauer vill derzou beigedroen hun, dat mir Allerguerten haut am Wuelstand an och a Fridden eist d’Liewen zesummen könne genéissen. Och déijéinig, déi schon engt halefft Joerhonnert an och méi hirt Liewen gedeelt hun an och vill Momenter an dene 50 resp. 60 Joer Zesummesin mat erliewt hun, gëllt haut Respekt an Unerkennung. No senge Gléckwënsch an am Numm vun der Gemeng Viichten si folgend Jubilaren mat engem schéinen Blummebouquet géiert gin. Fir 85 Joer: Robert Clees an Mathias Scheuren. Fir 90 Joer: Hélène Busack- Eberhardt. Zu hirer gëllen Hochzäit, fir 50 Joer waren dat: Arendt Jean- Pierre an Monique Bissen. Fir hir diamanten Hochzäit waren dat de Mathias Scheuren an Odile Jacoby, déi schon 60 Joer mateneen bestued sin. Folgend Jubilaren déi nit konnten deser Feier beiwunnen ass och gratuléiert gin. Fir 80 Joer: Helga Weishaupt a fir 85 Joer, de François Noben . Fir 50 Joer Bestiednis: Jean Buchholz an Léa Ennen a fir 60 Joer Bestiednis waren dat de François Noben an Hilde Lebendig. Zesummen ass d’Glass erhuewe gin an op weider schéin an gesond Joeren ugestouss gin, (CR) (Foto: Charles Reiser)