Seniore Frënn Viichten feieren hir Gebuertsdagskanner


Et ass schon seit laange Joren di schéin Traditioun bei de Seniore Frënn Viichten zur Adventszäit hir Gebuertsdagskanner ze éieren. Dat war viru kuurzem nees de Fall am Kader vun hirem Joeresofschlossiessen am Restaurant la Diligence zu Viichten. Nodeems dat jiddereen sech de gudde Menü och gutt schmaache gelooss huet koum et dunn zur eigentlecher Gebuertsdagsfeier. D'Presidentin Triny Mathgen huet de Jubilaren häerzlich gratuléiert an hinnen alleguerten nach vill zefridden a gesond Joren derbäi gewënscht, hun folgend Jubilaren a Presenz vum Buergermeeschter Luc Recken e klenge Kaddo als Unerkennung iwwerreecht kritt. Dat waren fir 75 Joer: Albertine Siebenaller- Ensch a Romain Siebenaller. Fir 80 Joer: Félicien Schannel. Fir 85 Joer : Anni Zieser a fir 90 Joer: Marcel Zieser. Follgend Geburtsdagskanner konnte leider net present sind: Marianne Graas (70Joer), Arnold Poncin (75 ), Alice Hendrickx- Ensch (85). Zum Schluss vun dëser schéiner Feier huet jidderee gutt gebake Kichelcher mat heem kritt.(CR ) (Foto: Charles Reiser)