Brochure 100 Joer Wahler Musik ass do

1910-2010
100 Joer Wahler Musik

D’Feierlichkeeten vum Centenaire vun der Wahler Musik sin Cäciliendaag 2010 op en Enn gaang. Eent ereignissvollt Joer, wou vill Leit sich engagéiert haaten. Di Wahler Musik seet dem Organisatiounscomité an allen aaneren Fräiwëlligen een decke Merci déi eis am Laaf vum Joer zur Säit stungen. Ouni sie wieren all eis flott Manifestatiounen nit méiglich geweecht.
Eise Merci gëllt natierlich allen Giedelen a Pätteren vum Fändel, sou wéi och all eise Sponsoren an Donateuren.


D’Broschüre vun der Wahler Musik

Iwwert 350 Säiten deck a méi wéi 500 Fotoen - sou présentéiert sich eis Broschüre.
Vill Arbicht, vill Recherchen, vill Owender goufen investéiert an dëst Buch. Hei fannt dir alles waat iech a puncto Wahler Musik interesséiert. Mee och doriwwer eraus gin gemengen- a landespolitisch Ereignisser erausgehuewen.

Ee klengen Index:
-Virwierder
-Gruppefotoen vum
Gemengroot
Organisatiounscomité
Comité vun der Musik
D’Giedelen an d’Pätteren vum Fändel
-Rëckbléck op d’Festivitéiten vum Jubileumsjoer
-Rëckbléck 100 Joer Wahler Gemeng
-Eng Auswanderungsgeschicht
-100 Joer Veräinsgeschicht
-Virstellen vun eiser aktueller Musik
-Fotosalbum vun der Wahler Musik
-D’Veräiner aus der Gemeng stelle sich fir

Ween nach eent interessant Buch sicht fir de Präis vun 25 Euro, kann dest bei der Wahler Musik ennert der Nummer 691611441 oder iwert carine.loesch@gmail.com bestellen.

D’Suen kënnt dir op de Kont vun der Wahler Musik asbl. mat der Mentioun
"Broschüre/?x/Numm" iwwerweisen:
CCRA LU58 0090 0001 0412 0407

D'Wahler Musik wenscht vill Spass beim Duerchbliederen vun hierer Broschüre