Wahldaag zu Wahl

Schon fréi moies ass et lass gaang, di éischt Leit sin géint halwer 10 nodeems si am Wahlbüro passéiert waren hieren Appéritif drenken komm.
Géint 11 halwer 12 war dun di éischten Kéier fier desen Daag richteg Gedrecks firum Comptoir an eis Memberen vun der Musik haaten all Hänn voll zedin di duuschtereg an honngereg Leit zefridden ze stellen.
Géint 1 Auer ass et dun awer méi rouig gin an sou konnten mir eis e bessen erbloosen ier et dun erem géint 3 Auer lass gaang ass. No an no sin emmer méi Leit komm an hun op di éischt Resultater gewaart. Ennert hinnen waren och schon e puer Wahlkandidaten di op hiert Resultat gewaart hun.
Punkt 5 Auer war et dunn sou wäit a mier kruuten d’Resultat vun eiser Lokalgemeng Wahl eran telefonéiert an d’Leit waren nit méi ze haalen an et ass applaudéiert gin.
Wéi dunn no an no och di aner gewielten Kandidaten den Wee an den Veräinssall fonnt haaten ass jidfereen vun hinnen mat deem neidigen Applaus begréisst gin an et konnt sou richteg gefeiert gin. Hannert dem Comptoir huet och den Stress rem ugefaang well eng Tournée no der anerer ass vun deenen Gewielten bestallt gin an un d’Wieler weidergereecht gin fier hinnen op des Manéier merci ze soen.
Erwaardungsvoll ass och op d’Resultater vun Nopeschgemengen wéi Grousbous, Preizerdaul, Rammerich awer och aneren Gemengen wéi Ell, Beckerich, asw. gewaart gin.
Géint 1 Auer konnten mir no engem gelongen Daag den Veräinssall zouspären.
Am Numm vun der Wahler Musik well ech nach eng Kéier jidferengem merci soen deen den Wee bei eis an den Veräinssall fonnt huet an zum Erfolleg vun desem Daag bäigedroen huet.