Christine Brück- Schlim fillt sech mat 80 Joer nach wuel



Wahl: Gebuer den 2. Oktober 1943 zu als dat drëtteelst vun 10 Kanner aus dem Bestiednis vum Charel Schlim an Hilda Graf, konnt d‘Christine Brück- Schlim vu Wahl bei gudder Gesondheet viru kuurzem hiren 80. Gebuerstdag am Krees vu senger Famill och gebührend ze feieren. D’Hochzäit mam Pierre Brück vu Wahl, den bei der Arbed Déifferdeng a spéider als Bëscharbichter sengt deeglicht Brout verdingt huet, war den 24. Oktober 1964. Am Ufank hun sie zu Käerch gewunnt an am Joer 1977 definitiv op Wahl an hirt Haus geplënnert. Aus hirem Bestiednis sin no an no véier Jongen an eng Duechter erviergaangen. Haut ass d’Famill Brück ganz Stolz op hir 9 Enkel- an hir 2 Urenkelkanner. Leider ass hire Mann Pierre den 25. Mee 2019 verstuerwen , esou dat d’Christine nach eleng séin LIewensowend zu Wahl verbrëngt an och séin deeglichen Haushalt nach selwer mëcht. En Deel vu senger Fräizäit verbrëngt Gebuertsdagskand leidenschaftlich am Gaart, bei de Blummen an och beim Bastelen vu Ketten. Och am Senioreforum Gemeng Useldeng, der Amicale vum drëtten Alter Préizerdaul an als iwert 40 Joer schon, als Member vum Préizerdauler Fëscherclub könnt keng Langweil op. Beim gemeinsamen Festiessen am Restaurant beim Sheila zu Harel hun di vill Éiregäscht dem Christine Brück- Schlim och no 80 Liewensjoeren nach vill zefridden a gesond Joeren derbéi gewënscht. (CR) (Foto: Eliane Ernster- Brück).