Lëtz Brocante zu Walfer

26
Apr
2025
26 Apr 27 Apr

„ Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen ! “

Alles wat dir schonn ëmmer iwwer Lëtzebuerger Lidder wësse wollt , kënnt dir op der "Lëtz Brocante" zu Walfer am Centre Prince Henri, dëse Sonndeg vun 9 - 17 Auer um Stand vun dem "Lëtzebuerger Lidder Archiv" fannen. An enger Auswiel vun iwwer 4700 Wierker, fannt dir eng Äntwert op äer Froen an och äer Idéeën a Rotschléi sinn do wëllkomm.

Ech stinn och gäer mat "Rot an Dot", a mat Lidder-Partituren a Bicher bereet !

Wann dir net kënnt op d'Brocante kommen da frot iwwer mail : jeankandel@pt.lu .

Dir fannt do 2 Lidderbicher mat zesummen 95 Lëtzebuerger Lidder, déi bis elo a kengem Buch woaren.