Fréijoersfest vun der LSAP-Walfer

E Sonndeg den 15.05.2011 hat LSAP-Walfer hiert Fréijoersfest am Centre Prince Henri zu Walfer .
Vun 11.00 auer un muerges, war Apéritiv, vun 12.00 auer un konnten Leit iessen.Och en Buffet bis 17.00 gouf et.
Relativ vill Leit waren op Invitatioun vun der LSAP-Walfer an den Centre komm.Alleguer déi iergendwéi eppes mat der LSAP-Walfer ze dinn hunn, hu gehollef, well Iessen an Gedrénks ass servéiert ginn.E gutt Iessen muss ofgeschloss ginn mat engem gudde Kaffi an engem Dessert. Vir den Dessert war gesuergt, Kuch an Taarten konnten Leit sech schmachen loosen.
Natierlech ass och iwwer déi bevirsteeënt Gemengewahlen Gefaachsimpelt ginn, wat jo beim Zesummen kommen vun den LSAP Kanditaten an hiren Sympathisanten giff ech mengen normal ass.
Et kann een soen, LSAP- Walfer huet hiren Leit e flotten Dag erméiglecht et huet een et gemierkt un der Ambiance alleguer kucken se positiv vir LSAP-Walfer an Zukunft.