Generalversammlung vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl

Den 31. Januar hat Hobbykënschtler Lëtzebuerg seng uerdentlech Generalversammlung am Centre Culturel Prince Henri zu Walfer. Nieft den 38 Memberen déi sech afonnt hunn, konnt d‘ Presidentin och de Buergermeeschter Frenz Sauber, de Scheffe Misch Feidt sou wéi d’Conseiller Eliane Irrtum vun der Walfer Gemeng begréissen. Obwuel den Ufank vum Joer 2022 nach duerch d‘Pandemie gepräägt war, konnt e gutt gefëllten Aktivitéitsbericht presentéiert ginn, mat net manner ewéi 14 Ausstellunge mat 536 Stänn vun Hobbyaussteller



De Caissier huet en e gesonde Keeserapport presentéiert, och wann d’Joer mat enger klenger Perte vun 322,26 € ofgeschloss ginn ass. Als neie Member am Verwaltungsrot koum Sonny Heinisch derbäi sou dass de Veräin elo geleet gëtt vun Kim Fandel, Jeff Gras, Jim Gras, Marcel Gras, Sonny Heinisch, Jessy Heitz, Fabienne Heles, Eliane Lothritz an Yves Roger.


No der Presentatioun vum Programm, wou een Detailer ëmmer op der Homepage fënnt, war et un der Zäit fir Merci ze soen un all déi Leit, déi de Veräin op iergendeng Aart a Weis ënnerstëtzt hunn.


No enger kuerzer Usprooch vum Buergermeeschter ass d’Versammlung opgehuewe ginn a jiddereen ass op e Patt an e Maufel invitéiert ginn.