CHORALE SAINTE CÉCILE WEILER/HAASSEL: VU MÉISTËMMEGKEET AN EESTËMMEGKEET

Statutaresch Generalversammlung 2026


A senger Begréissungsusprooch huet de President Edmond Theisen den Akzent geluecht op seng Wäertschätzung zum Engagement vun de Sängerinnen a Sänger an op d‘Erkenntlechkeet fir all Ënnerstëtzung, finanziell a logistesch, vu Säite vun der Kierchefabrick, vun der Gemeng a vun den Éierememberen.

Méistëmmegkeet bestëmmt meescht de Programm bei de sëlleche gesanglechen Optrëtter a Prouwen - am Ganzen 61 Mol am Joer 2025 - ënnert der Leedung vum Horatiu Dragan a mat dem Simone Appelbaum-Goebel op der Uergel.

Eestëmmegkeet gouf et no den Debatten beim Votum vun allen aktive Memberen iwwer nei opgestallte Statute bei der Chorale Weiler/Haassel als „Association de fait“.

Beim Sträifzuch duerch déi historesch Leitlinien aus dem Joer 1981, mee vrun allem aus der Grënnerzäit vum “Cäcilienverein Weiler zum Turm” an de 1890-ger Joeren, wierken munnech Bestëmmungen anachronistesch, zum Deel kuriéis.

Donieft erënnert am Verlaf vun der Veräinssëtzung de Sekretär Änder Welfring am Réckbléck op dat lescht Kalennerjoer un déi finanziell Zouwendunge vun der Chorale fir d’Fondatioun EME a fir d’Organisatioun CARE. Mat speziellen Ufuerderunge stoungen am Terminkalenner eng Rei kierchlech a gesellschafftlech Ereegnisser, all Events kommentéiert vum Spriecher unhand vun enger Power-Point-Presentatioun. Besonnesch erfreet weist sech de Chouer iwwer den Zouwues an hire Reien duerch 1 Altistin an 3 Sänger am Tenor an am Bass. Aus de Presenzlëschte kann een déi exemplaresch Bedeelegung vun den Aktiven um Veräinsliewen erausliesen. Kuerz geet de Riedner dann op e puer besonnesch Datume fir 2026 an: Ouschteren [05. Abrëll]; Kommiounsdag [03. Mee]; Tëleesmass [17. Mee]; Virowend vum Nationalfeierdag [22. Juni]; Nationale Gedenkdag [11. Oktober]; 150-jährege Jubiläum Porkierch Weiler zum Tuerm: Feierlech Mass a Festakt [15.11]; Cäciliefeier [22. November]; Chrëschtmetten [24. Dezember]. De Food Truck Festival zu Weiler [06. + 07. Juni] an d’Duerffest zu Haassel [12. Juli] ginn dem Gesangveräin Geleeënheet, och bei Manifestatioune fir de breede Publikum matzemaachen.

Den Abléck an déi finanziell Situation weist um Stéchdag vum 31. Dezember 2025 en däitlechen Iwwerschoss op. D’Keesserevisorinnen Margot Groff-Kaysen a Claudine Metzler-Conradt luewen d’Tresoriär Claire Theisen op en Neits fir déi mustergülteg Féierung vun de Kontebicher.

D‘Vereenegung iwwerdréit laut den neie Statuten fir e Mandat iwwer 4 Joer d’Aufgab vun der Veräinsféierung un de Komitee mam President Edmond Theisen, dem Sekretär Änder Welfring, der Keessiär Claire Theisen, den Assessorinnen Claudine Reuter-Lentz a Roby Schmit-Adam. Per Akklamatioun gëtt d’Versammlung der Finanzcheffin an dem Komitee Entlaaschtung.

Dem Diakon Léon Weber war et eng Freed, am Numm vun der Pastoralequipe der Chorale Respekt an Dankbarkeet auszedrécken fir d’Bereetschaft, all kierchlech Déngschter duerch méistëmmege Gesank ze verschéineren.

De Maurice Groben a senger Funktioun als Buergermeeschter betount d’Roll an d’Plaz vun der Chorale Weiler/Haassel am ëffenleche Liewen am Geescht vun “Vivre ensemble”. Och dee sozialen Engagement ass e wäertvolle Bäitrag an eiser Gesellschaft a wäert an Zukunft vu Säite vun der Gemeng duerch e spezielle Subsid honoréiert ginn. Ofschléissend säin Zitat: “Wo man singt, da lass Dich ruhig nieder, böse Menschen haben keine Lieder“.

André Welfring