Wiessel un der Spëtzt bei der Chorale Weiler&Haassel

Presentation vum Joeresbilan an der Generalversammlung

Déi 54. statutaresch Joereshaaptversammlung vun der Chorale Ste CécileWeiler&Haassel am Kulturzenter „An Huef“ zu Weiler zum Tuerm, fir si déi lescht an hirer Funktioun als Virsëtzend, huet d’Presidentin opgemaach mat enger Gedenkminutt fir de verstuerwenen Här Fernand Reuter, joerelaang President vun der kommunaler Kierchefabrik, joerzéngtelaang eng wäertvoll Stäip fir de Weiler Gesank.

Luef an Unerkennung vun der Riednerin fir de Chouer, gefouert vum Dirigent Horatiu Dragan, um Duxall begleet vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, bestrieft, bei jidder Engagement d’Erwaardunge beschtens ze erfëllen. En opriichtege Merci riicht si un d’Adress vum Kiercherot an un d’Gemengenautoritéiten, zesumme mat de verschiddenen Gemengenservicer, fir hir onentbierlech Ënnerstëtzung, finanziell a logistesch, Joer fir Joer.

De Réckbléck op 2023 gouf dem Rapporter André Welfring d’Méiglechkeet, eenzel Daten an Ereegnësser, zum groussen Deel mat Biller illustréiert, nach eng Kéier an Erënnerung ze ruffen: Scheckiwwerreechung zesumme mat de Fraen Weiler Haassel; Gesangsoptrëtter fir d’Valentinskiermes an der Kierch zu Leideleng, fir d’Tëleesmass, d’Hochzäitsmass fir eng frësch bestuete Koppel, de Festakt fir den Nationale Gedenkdag, d’Cäciliefest an d’Chrëschtmetten, mat dem Normalprogramm alles an allem 63 Asäz, Prouwen abegraff. Besonnesch Aufgaben huet de Veräin iwwerholl bei eenzelne Groussereegnesser: de Foodtruck-Festival um Site vun der Sportshal; de Chrëschtmaart, a Personalunioun mat der Vereenigung vun de Fraen; zweemol mat Zalotenthéiken bei Grillfester vum F.C. Yellow Boys an der Amicale vun de Pompjeeën, do och mat engem Patisseriestand. Am Mäerz goung de “Colette a Fernand Wark Revival – Owend” mat de Gesangveräiner vu Weiler a vu Siren an um Piano dem Fränz Theis, iwwer d’Bühn, eng Gemeinschaftsproduktioun mat “Ons Lidder asbl”. Bestietnis, sëlwer a gëllen Hochzäite vu Veräinsmembere waren all Kéier Ulass fir eng monter Feierstonn. Den 20. Juni goufe 5 aktiv Memberen aus de Reie vum Weiler Gesank ausgezeechent mat Verdéngschtmedaillen, iwwerreecht vun der Madame Sam Tanson, Kulturministerin an der deemoleger Regierung, fir 40 respektiv 50 Joer Service: d’Margot Groff-Kaysen, d’Monique Theisen-Sonntag, d’Eliane Morroni-Theisen, den Edmond Theisen an d’Claudine Reuter-Lentz. Op där déif besënnlecher Säit vum Schaffen am Chouer stinn a respektvollem Gedenken 10 Begriefnisdéngschter fir 2023.

Gesond Finanzen, an de grousse Linie virgestallt vun der Tresoriär Claire Theisen, an allen Eenzelheeten iwwerpréift vun de Revisorinnen, erlaabt et dem Veräin, mat engem gesécherte Fong weiderzeschaffen. Fir d’Kalennerjoer 2024 bleift d’Claudine Metzler-Conradt als Kontrollerin, d’Margot Groff-Kaysen wäert dem Georgette Folschette-Kasel seng Plaz iwwerhuelen.

Un der Spëtzt vun der Chorale Weiler&Haassel leet d’Josée Schlammes-Krier no 18 Joer Presidentschaft hiert Mandat néier. Den Edmond Theisen, Nofolger op deem Posten, huet a senger Usprooch d’Verdéngschter vu senger Virgängerin ënnerstrach an der Ex-Presidentin e Blummebouquet iwwerreeche gelooss. En neit Mandat am Komitee hëlt d’Roby Schmit-Adam un.

De Joereskalenner 2024 verweist op en etlech Events ausserhalb vum usuelle Planning: Tëleesmass (14.04.); Oktavmass (25.04.) a Primizfeier fir den nei geweite Priester Léon Weber (28.04.), zesumme mat anere Chorallen aus der Por respektiv dem Dekanat; Virowend vum Nationalfeierdag (22.06.); Commémoration Nationale (13.10.); Cäciliefeier (24.11.). Eng Verflichtung bei diverse Fester, en Tripp op Izeg, eng Rees an dat not Ausland rënnen d’Roadmapp 2024 of.

De Porverwalter Pit Faber bekräftegt d’Absicht vun der Kierchefabrik, och an Zukunft d’Ausgabe fir den Dirigent an d’Organistin ze decken a weist sech erfreet, am Ëmgank mam Chouer deselwechten Äifer festzestelle wéi all déi vergaange Joeren.

De Buergermeeschter wierdegt d’Ustrengungen am Gesangveräin, sech beschtens anzebréngen bei villerlee Geleeënheeten, de kierchlechen Opträg, awer och bei gesellschaftlechen Evenementer an der Gemeng Weiler. A sengen Ausféierungen betount hien ausdrécklech den déifgrënnege Wäert vu gedroenem Gesank an der Lidderauswiel vun der Chorale Weiler&Haassel fir d‘Familljen a Frënn an de schwéiere Momenter vum definitiven Abschid vun engem léiwe Mënsch.

No de villsäitegen Ausféierungen war de gesellegen Deel mat engem gudde Maufel an engem sëffege Patt Ofschloss vun der Generalversammlung.

N.B.: Kommentar fir bei d’Foto:

De Komitee vun der Chorale Weiler&Haassel zesumme mat hirer laangjähreger Presidentin Josée Schlammes-Krier an de Gemengenautoritéiten bei Geleeënheet vun der Generalversammlung 2024