De Weimeschkiercher Gesang féiert Cäciliendag

Den 26ten November 2017 huet Chorale zu Eieren vun der helleger CÃcilia eng feierlech Mass fir déi liewend a Verstuerwen Memberen vum Kierchegesang gesongen. D'Mass gouf vum Här Dechen Albert Backes zelebréiert. De Chouer huet ënnert des Direktioun vum Guy Losch, an op der Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat Lidder verschéinert. Zum Schluss vun der Mass huet den Här Dechen der Mme Gritty Schroeder-Schmit fir hier 30 Joer Aktivitéit eng Goldmedail vum Piusverband iwwerreecht. De President Guy Losch huet fir 50 Joer Aktivitéit eng Gold-Plaquette vum Piusverband iwwerreecht kritt.

Uschléissend sinn d'Feierlechkeeten mat engem Banquet am Restaurant "Firwat Net" um Cents weider gaang. Héi kruten e puer weider meritéiert Sängerinnen a Sänger fir hiren onermiddlechen Asaz am Verein vum President Guy Losch Merci gesot an e praktesche Cadeau iwwerreecht.

More news by Chorale Sainte Cécile Weimerskirch >