Ugangs Januar 2026 hunn d’Amicale “Les Amis de la Maison Geenzebléi“ 24 Bewunner aus der Geenzebléi geéiert déi am Oktober, November an Dezember 2025 Gebuertsdag haten.
An der Begréissungsreed hott de Vize-President John HERMES am Numm vun den Amis de la Maison Geenzebléi allen Matbewunner an dem Personal fir d’éischt mol all guddes am neie Joer gewënscht, duerno huet hien alle Gebuertsdagskanner gratuléiert an hinnen fir Zukunft nach eng gudd Gesondheet gewënscht.
Dëse Wënsch hunn sech och Buergermeeschtesch Carole WEIGEL an d‘Schäffen Chantal KAUFFMANN ugeschloss..
Fir gudd Stëmmung huet den Orchester JEMP a JEANNOT gesuergt.
Gemiddlech bei engem gudden Kaffi an dem Dräikinnikskuch hunn d‘Awunner puer flott Stonnen genoss.
Mat engem flotten Kaddo si folgend Bewunner vum der Amicale geéiert gin:
Här Andy MEYER 40 Joer; Madame Jacqueline BOURKEL 63 Joer; Madame Jeannine WIRTH 70 Joer ; Madame Hélène GROSGES.WEIDES 73 Joer; Här Fernand DEVISCOURT 77 Joer; Madame Catherine THEIS-ESCH 78 Joer; Madame Emile KAISER-WELTER 79 Joer; Här Jean-Pierre REIMEN 79 Joer; Madame Edith WEIS-WEIRICH 79 Joer; Madame Rosemarie MICHELS-HAESSLER 79 Joer; Madame Ernestine VANHAEKENDOVER 82 Joer; Madame Marie-Louise FEIDER-SCHLESSER 83 Joer; Madame Heidi REILES 84 Joer; Madame Elise BAULISCH-BISSEN 87 Joer; Madame Josette WAAIJENBERG-BIVER 88 Joer; Här Bernard GOEDERS 88 Joer; Madame Olga THIMMESCH-BANELLA 90 Joer; Madame Julie BENEKE-BERENS 91Joer; Madame Irma DUTON-BALTHASAR 92 Joer; Madame Nicole KERGEN-DELAPORT 92 Joer; Madame Margot WEBER-RODERICH 93 Joer; Madame Juli GILLANDER-OURTH 95 Joer; Madame Hélène KERGER-WALLIG 96 Joer; Här Emile BOURONE 97 Joer.
D’Gemeng Wooltz hott een Kaddo iwwereecht fir Madame Olga THIMMESCH-BANELLA fir hir 90 Joer an fir Madame Juli GILLANDER-OURTH fir hir 95 Joer..