Am Januar 2025 haten d’Amicale des Amis de la Maison Geenzebléi hir Generalversammlung am Servior Geenzebléi zu Wooltz.
De Präsident Jing HUET huet d’Leit begréisst an de Comité souwéi déi nei Memberen fir de Comité virgestallt.
Duerno gouf ee Réckbléck op Joer 2025 gemaach an Finanzen ogeluecht. Et gouf erklärt datt all Euro deen rannkënnt zu 100% benotzt gëtt fir Aktivitéiten mat den Matbewunner ze ënnerhuelen.
All Memberen sën wëllkomm séif et duerch Spenden souwéi och fir mat enger dynamischer Equipe matzeschaffen an eng Hand mat unzepaken bei den Aktivitéiten.
De Programm 2026 guff virgestallt an ass och voll gepaakt mat villen flotten Aktivitéiten.
Madame Buergermeeschtesch Carole Weigel an d‘Cargé de Direktioun Geenzebléi Antonia Schmit hunn der Amicale fir hir super Aarbicht felicitéiert an all Guddes gewënscht fir Zukunft.
Bei engem Pättchen an e klenge Mauffel guff den Owend dunn ausklénge geloss.