Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi zu Wooltz

Am Numm vun der Amicale konnt no längerer Paus wéint der Pandemie endlich de President Huet Jing all Bewunner aus der Geenzebléi op hirer traditioneller Gebuertsdagsfeier begréissen. Geéiert goufen 31 Bewunner déi am Januar, Februar a Mäerz 2022 Gebuertsdag haten a kruten ee Kaddo vun hirer Amicale. D‘Gemeng Wolz war vertrueden duerch de Schäffe Patrik Comes. Och d‘Direktioun vu Servior, vertrueden duerch d‘Madamm Muller Anne, hott sech Zäit geholl fir op dëser Feier dobäi ze sënn. Natierlich gouf et e Patt a Kaffi mat Gebuertsdagskuch bei flotter Musék, zerwéiert vun de Membere vun der Amicale zesumme mam Personal vu Servior. D’Amicale war frou datt si de Bewunner aus der Geenzebléi duerch dës Feier hiren Alldag verschéinere konnten an hoffen datt si nach vill esou Fester dëst Joer organiséieren kënnen.

Foto an Text Huet Jing via mywort.