Schéin Gréiss aus dem Éisleck ouni d'CFL-Nordstreck!

D’Éisleck: de vergiessenen Norden an der Transportpolitik!

Den öffentlechen Transport as haut jo gratis, an as dofir haut am Moment och nët méi wert hei uawen am Norden vun Lëtzebuerg, ewéi eppes wat näscht kascht!

Sou kann én d’Situatioun de Moment resuméieren!

Dass awer nët sou, dat den öffentlechen Transport am Norden vun eisem Land inexistent as, nee just am Contraire.

Mais e brengt eben just näscht fir déi Busbenotzer, déi méi wäit wëllen fueren, ewéi bis op Nopeschduerf oder bis an den Nopeschkanton.

All 10-15 Minuten kéint schon ab Mueres fréih 4 Auer Bus fir Bus, bal emmer eidel, vun Woltz aus gerannt, awer fir bis an eis Haptstadt vum Norden Ettelbreck bas de bal 2 Stonnen ennerwé, an wanns de Pesch hos, verpass de dann och nach den Uschloss zu Ettelbreck op der Gare fir an Stad ze kommen.

Déi eenzeg wou vun desem Aarmut profitéieren, sin just die sellechen Privatbusenterprisen, déi sech domm an dämlech dorunner nach eng göllen Nues verdéngen.

Wouhir kéint dann den Dilemma elo ?

Wëll den Schiebuergtunnel bei Kautebach deelweis agestürzt as, an elo kirzlech, nördlech vun Ettelbreck bei Bierden, wou fragiliséierte Steen eng Gefor duerstellt ?

Jo kurz gekukt, Jo! - Awer langfristeg gesin: Neen!

Ma wëll trotz allen villen Investtituounen an den öffentlechen Transport eis Zuch-Nordstreck vun der CFL an all den leschten Johrzéngten sträflech vernoléissegt gin as!Norstreck gouf vun 2-gleiseg op 1-gleiseg zereckgebaut, wéint der Elektrifizierung vun der d’Streck. Dat war just déi falsch Décisioun, déi nët wéint der Onméiglechkét vun der Exécutioun gehol gouf, sondern just aus reng finanziellen Iwerléongen vum Käschtepunkt!Aus weideren finanziellen Iwerléongen gouf dono den Entretien vun den villen Tunnellen vun der Nordstreck, och nach an den leschten Johrzengten vernoléissegt! - Geld as jo op aneren Platzen gebraucht gin, ewéi beim Tram an soss Prestigeobjekter, fir elo awer nët hei ze son dat den Tram, keng gud d’Sach wär!

An dofir hu mir haut elo déi Situatioun, sou ewéi se elo eben ass!

Als Éislecker speziell, mais och als CFL-Client an Simpathiesant von der Eisebunn an der Nordstreck fillt en sech als domm verkoft, sou wéi d’Situatioun de Moment am Norden vum Land ausgeseit!

Bussen an Bussen déi vun Mueres fréi bis Owes spéit, sougor och nach Sonndes vun Duerf zu Duerf am Éisleck hën an hir rennen, bal ëmmer eidel an dat alles ouni dat gewënschte Resultat!

Wat notzt dat, wann all puer honnert Meter én Arrêt as, ewéi zu Wolz, an dono muss en Zäit an Gedold matbréngen, fir bis an Stad Lëtzebuerg ze kommen.

Am beschten bei schlechtem Wieder och nach é langen Kalzong undin fir géint Keelt, an och nach eppes mathuelen géint de Reen oder de Schnéi.

Avis aux amateurs, wëll vill Leit hun awer kén aneren Choix, an déi aner machen dann eppes fir de Klima, an fueren mam Auto, wann se en hon, wat erem och nach nët vill méi séier get, an rem vill méi deier get!

Schéin Gréiss aus dem Éisleck!