Wéi schonns ugekënnegt, luede mir all Massendéngerresponsabel, déi mindestens 16 Joer al sinn, häerzlech op eise Begéignungsowend zu Lëntgen an. Deen Owend si Membere vun der Ekipp Lëtzebuerger Massendénger zesumme mat der Directrice oder/an dem Här Nationalaumônier dobäi. Esou kënne mir eis iwwer d‘Massendéngeraarbecht an de Paren, den Dekanater an och um diözeesane Plang an enger gemittlecher Atmosphär austauschen an Är Wënsch/Ureegungen nolauschteren. Flott wier et, wann Dir deen Owend mat dobäi wiert.
Mëttwoch, de 14.10.2026 ëm 19.30 Auer am Parsall zu Lëntgen
(Adress: 17, rue du cimetière – Parkplaze si bäi der Kierch a vun do geet e klenge Wee laanscht de Kierfecht bis bei de Parsall)
Fir genee plangen ze kënnen, ass et eis wichteg ze wëssen, zu wéi vill mir sinn. Mellt iech dofir w.e.gl. an der Massendéngerzentral bis spéitstens de 06. Oktober 2026 un.
Mat léiwe Gréiss,
d'Equipe Lëtzebuerger Massendénger
https://web.cathol.lu/article14803