Klibbere goen um nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg

Klibbere goen

Beim Klibbere gi sougenannte “Klibberkanner” mat Instrumenter – genannt “Klibberen” (Jarren, Scharpen, Rubbelen, Himmerchen – et gi verschidde Modeller vun deenen Instrumenter aus Holz) – an der Karwoch duerch d’Uertschaft an ersetzen domadder d’Laude vun de Kiercheklacken. Dobäi ruffen si der Dageszäit (fir d'Moies-, d'Mëttes- an d'Owesklack) ugepasst ganz haart verschidde Spréch, dacks am Dialekt an och net iwwerall am Land déi selwecht.

D’Traditioun vum Klibberen ass Joerhonnerten al. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d’Klibbere vun de Besatzer verbueden. Ganz sécher ass, datt direkt nom Zweete Weltkrich nees geklibbert gouf. Wärend dem grousse COVID-19 Lockdown (2020) gouf “virun der Hausdier” geklibbert an 2021 am Respekt vun den deemools gëltege Sécherheetsmoossnamen. 2022 ass Klibberen awer nees “normal” an den Dierfer a Stied duerchgefouert ginn.

Fréier waren et just Massendénger oder eebe “Klibberjongen”, hautdesdaags gi landeswäit vill Meedercher mat, woufir een dann elo léiwer vu “Klibberkanner” schwätzt: Kanner a Jugendlecher vu verschiddene Kulturen, Alteren, Relioune fanne sech hautdesdaags fir dee Brauch zesummen a ginn zesumme klibberen. Esouguer Erwuessener – dacks fréier Klibberkanner – gi mat: Si begleeden déi Jonk aus Sécherheetsgrënn, léiere si beim Klibberen un a bréngen hinnen esou déi lokal Klibberriff bäi. Och d’Klibbere selwer gi gäre vu Generatioun zu Generatioun weiderverierft a weiderbenotzt.

Nëmmen an der Karwoch, um Karfreideg a Karsamschdeg, ginn d’Klibberkanner moies, mëttes an owes duerch d’Stroosse vun den Uertschaften an eisem Land klibberen, fir esou d’Klackegelauts z’ersetzen – vu datt d’Liturgie virgesäit, datt d’Klacke vum Gréngen Donneschdeg owes un bis d’Ouschternuechtfeier (Sonnenënnergang op Karsamschdeg) eeben net lauden. Op verschiddene Plaze ginn d’Klibberkanner och nach owes um Gréngen Donneschdeg, nodeem an der Mass d’Klacken ofgestallt gi sinn, duerch d’Stroosse klibberen.

Karsamschdeg (oder och op verschiddene Plazen um Ouschtersonndeg) gi si dann, mat schéin dekoréierte Weenercher a spezielle Spréchelcher, hire Klibberloun (Ouschtereeër, Séissegkeeten, Suen) asammelen.

Ganz am Sënn vun enger ganzheetlecher nohalteger Entwécklung fërdert d’Klibbere goen de sozialen Zesummenhalt a markéiert dat mënschlecht Zesummeliewen duerch Zäit a Raum iwwer d’Generatioune bei eis am Land.

“Klibbere goen” ass den 20. Dezember 2022 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

An de soziale Medien: #klibberen

https://web.cathol.lu/article12478