Nei Statu vum Hellegen Tarcisius zu Lëtzebuerg

Säit dem 10.07.2022 hunn d’Lëtzebuerger Massendénger eng eege Statu vum Hellegen Tarcisius (Foto an der Annexe) - et ass eng vum Här Fernand Boever eegen entworf a selwer geschnëtzte Statu aus engem Stéck Weymoutskieferholz aus engem Bësch tëscht Lëntgen a Luerenzweiler, déi mam Sockel 60 cm héich ass.
Ageseent gouf si den 10.07.2022 vun eisem Här Weibëschof zu Rued-Sir (am Kader vun der Tarcisiusfeier 2022). Dës Naturholzstatu steet vun elo un an der Massendéngerzentral. All Massendéngergrupp dierf déi Statu fir Aktivitéiten an hirer Par ausléinen. Kontakt: massendenger@cathol.lu


https://web.cathol.lu/article11340