Munneref. Viru Kuerzem huet d’ Amicale des Anciens de la Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat am Festsall vum Casino 2000 zu Munneref d’Aktivitéite vum Joer 2019 mat enger grousser Feier ofgeschloss.
De President vun der Vereenegung, de Georges Prommenschenkel, huet a senger Usprooch d’Invitéen a Frënn wéi och de Camille Fohl, President vum Opsiichtsrot an de Rudi Belli als Vertrieder vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess begréisst.
Déi 75- an 80- järeg Memberen an och déi fënnef eelst present Membere goufe geéiert a kruten e passende Kaddo iwwerreecht. D’Biller vun den Aktivitéite vum Joer 2019 sinn op 2 groussen Ecrane gewise ginn. Bei flotter Musek, offréiert vum Member Jos Minden, an engem gudde Festmenü gouf laang gefeiert.