Munneref. Viru kuerzem huet d’ « Amicale des Anciens de la Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat » am Kader vun hirem 35. Jubiläum déi traditionell « Journée des Anciens » zu Munneref am Festsall « Chapito » vum Casino 2000 gefeiert.
De President vun der Vereenegung, Georges Prommenschenkel, huet a senger Usproch d’Invitéen a Frënn, souwéi de Rudi Belli als Vertrieder vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess, begréisst.
Déi 75- an 80-järeg Memberen an och déi néng eelst präsent Membere goufe geéiert.
Fir 75 Joer waren dat: Achten Jean, Bourens Paul, Even Jules, Germeaux Henri, Prommenschenkel Georges, Schmit Josette, Seiler Jean an Zehren-Schmit Marie.
Fir 80 Joer waren dat: Erasmy Paul, Gengler Raymond, Hensmans Fredy, Marnach-Mehling Jeanne, Michels Fernand, Schummer Aloyse, Vogt-Neuens Cathérine an Zeien-Weyer Cathérine.
D’Biller vun den Aktivitéite vum Joer 2015 sinn op 2 groussen Ecrane gewise ginn. Bei flotter Musek an engem gudde Festmenü gouf laang gefeiert. En Héichpunkt vun der Jubliläumsfeier war d’PowerShow vum Georges Christen deen d’Leit begeeschtere konnt.