Am Kader vun der Generalversammlung vum Gaart an Heem Bech, déi de 27. Februar stattfonnt huet, ass e Scheck vun 1.500 Euro un d’Associatioun Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg iwwerreecht ginn. Dëse Betrag setzt sech aus dem Erléis vum Hierschtfest, dat am Oktober 2025 organiséiert gouf, souwéi aus der Niklosfeier, déi all Joër vun der Gemeng Bech op d’Bee gestallt gëtt, zesummen. Doriwwer eraus huet den Pier Johanns 150€ aus engem Foto-Virtrag iwwer seng Vëlosrees op Santiago de Compostela bei den Don bäigesteiert.
An hirer Dankesusproch huet d’Vizepräsidentin Dany Lentz-Polfer vun der Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg asbl. erklärt, wourëms et bei der Ënnerstëtzung vun häerzkranke Kanner geet a fir wat déi gespendete Suen agesat ginn. Si huet am Numm vun der Associatioun e grousse Merci un den Gaart an Heem Bech geriicht a betount, wéi wichteg esou lokal Engagementer fir d’Aarbecht vun Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg asbl. sinn.