Bei allerbeschtem Hierschtwieder konnten d'Fraen a Mammen den 8. an 9. November hirt 20. Haupeschfest ofhalen.
Fir de ronne Gebuertsdag e bëssen ze feieren war am Foodvillage eng Bün opgebaut, wou iwwer de Weekend allerhand Animatiounen ugebueden gi sin. Awer och soss an de Stroossen an am Centre Culturel war vill Animatioun duerch de Ballonkünstler, d'Juegdbléiser an verschidden Stroossekünstler.
Samschdes war eng Réceptioun mat geluedene Gäscht aus der Politik an der Geschäftswelt. Déi aktuell Präsidentin Linda Hartmann an déi zukünfteg Präsidentin Martine Konsbruck hun der Gemeng, den Duerfveräiner, hire Sponsoren, an hire Memberen Merci gesot fir hir Ennerstëtzung an hire Support, ouni déi dat alles nëtt méiglech wier.
An de Stroossen an am Centre Culturel gouf eng rieseg Auswiel vun Konschtartikelen aus alle Kategorien ugebueden.
Am Foodvillage hun d'Veräiner vum Duerf d'Visiteuren mat Iessen a Gedrenks versuergt, an am Centre Culturel an der Kaffisstuff vun de Fraen a Mammen gouf et selwergemaachten Kuchen an Taarten, eng gudd Taass Kaffi oder Schoky an ee gudde Pättchen beim Comptoir.
Iwwer de Weekend hun méi wéi 7500 Leit de Wee op Berdorf font an konnten gudd gelaunt duerch d'Stroossen trëppelen.
E klenge Bémol war awer den Autosverkéier den zumol Sonndes fir Chaos gesuergt huet. Lanscht d'Strooss geparkten Autoën hun d'Navetten an den öffentlechen Transport blockéiert an Accidenten provozéiert, wat natiirlech fir allerhand Frust gesuergt huet.
Mir hoffen dat mir dat d'next Joer besser an de Grëff kréien an soën eise Visiteuren an Aussteller Merci a gin iech Rendez-vous fir d'next Joer.
19
nov.
2025
19 nov.
8
Evenement, Foto: Fernand Schmitz
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.