Generalversammlung vum 23.3.2022 Fraen a Mammen Berdorf

Den 23. März konnten d'Fraën a Mammen vu Berdorf op hirer Generalversammlung Checken am Wert vun 28.500€ iwwerreechen. Dëst war den Erléis vum Haupeschfest 2021, deen Coronabedingt ënnert enger anerer Form stattfont huet. Trotz Pandemie waren méi wéi 5000 Leit op Besuch komm fir de Konschtaussteller hir Wierker unzekuken an am Foodvillage ee gudde Maufel ze iessen. D'Suën vun desem Fest goufen gespend un: Télévie, Eng oppen Hand fir Malawi, Make me Smile, Pour la vie naissante, Fondation de la maison de la porte ouverte, Privaten Déiereschutz Niederanven an United for Hope, se kruten jeweils 3000€, Die Ahrche (Flutkatastrophe am Ahrtal) 2500€ , an 5000€ gufen gespend un d'Unicef fir d'Ukraine. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert fir hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin. D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroën an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht. D'Presidentin Linda Hartmann huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en härzleche Merci gesot fir déi wertvoll Ennerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleiwt. De Buergermeeschter Joé Nilles huet d'Wuert ergraff an de Fraen a Mammen fir déi gudd Aarbecht felicitéiert. De Comité setzt sech aus 11 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Christiane Anen, Mireille Birkel, Cecile Collignon, Germaine Greischer, Petz Neumann, Mariette Rassel, Yvonne Pistola, Sandra Schneider.