Supporterclub Marie Schreiber mëscht en Don un de Plooschter Projet

De Supporterclub Marie Schreiber ënnertsëtzt de Plooschter Projet mat engem Don. D'Scheckiwwerreechung huet stattfonnt am Kader vun der Generalversammlung. De Plooschter Projet setzt sech an fir potenziell StammzellespenderInnen ze registréieren. Dës Stammzellen sinn e wichtegen Bestanddeel am Kampf géint Leukämie.