2000 nei potenziell Stammzellespender fir 2023

De Plooschter Projet huet am Oktober an der Policeschoul den 2000ten neie potenzielle Stammzellespender fir d’Joer 2023 registréiert. Jiddereen, deen sech registréiere léist, hëlleft mat am Kampf géint Leukemie. Iergendwou op der Welt hu mer e geneteschen Zwilling. Wat mer zu méi an der weltwäiter Datebank sinn, wat d’Chance méi grouss ass fir de passende Spender ze fannen an esou vläicht e Liewen ze retten. Wieder Informatiounen fannt dir op www.plooschterprojet.lu.