D’ Chorale Ste Cécile Hunchereng-Fenneng-Näerzeng am neie Look

Bei Geleeënheet vun hierem Chrëschtconcert de 17. Dezember wosst den Huncherenger Kierchechouer säi Publikum z’iwwerzeegen. De Programm stong ënnert dem Thema : Chrëschtdag duerch d’ Jorhonnerten. Ugefangen am 7. Jorhonnert mat engem Choral iwwert Renaissance a Barock an d’ Gegeward huet d’ Chorale déi vollbesate Kierch begeeschtert. De Chouer stong ënnert der Leedung vum Josée Schmitz an gouf um Piano begleet vum Sylvie Stammet. Bei dëser Geleeënheet huet d’ Chorale sech an hierem neien Outfit presentéiert.