Och dëst Joer huet zum Festdag vum hellege Jousef d’Bewunner- a Personalfeier am „Institut St Joseph“ zu Betzder stattfonnt. No der feierlecher Mass a Präsenz vum Dechen Claude Bache ënnerstëtzt vum Gesang vun der hausinterner Chorale huet den Paschtouer Guy Diederich d’Wuert dem Direkter Laurent Mersch iwwerlooss. Präsent waren an der Kierch och de Willy De Jong, „elisabeth“-Generaldirekter souwéi d'Nathalie Wagner an de Bernd Hoffmann, stellvertriedend Direkteren vum "elisabeth Behënnerteberäich" an d’Schwesteren vun der „Congréation des Soeurs de Sainte Elisabeth“.
An enger personaliséierter Ried gouf deene laangjärege Mataarbechter respektiv 9 Bewunner mat Iwwerreechung vun engem Cadeau Merci gesot.
Säit 20 Joer schaffen d’Madame Isabel Bredin, d‘Madame Sandra Ferreira, d‘Madame Gerlinde Sieberger, d‘Madame Sandra Simon, d‘Madame Julie Wachs an d‘Madame Nathalie Wagner an der Betreiung- an Fleegestruktur zu Betzder, säit 10 Joer maachen dëst d'Madame Ana Liseta Ferreira Alegre, de Monsieur Max Frantzen, d‘Madame Daniela Gelz, d‘Madame Pia Marbach, d‘Madame Carla Penafria Rodrigues an d‘Madame Claudia Schein.
De Monsieur Jean-Marie Clement, Monsieur Pascal Frembs an d‘Madame Gaby Mathay konnten stolz op 40 Joer Wunnen am Institut St Joseph zeréckkucken. D'Madame Anabela Teixeira huet seng 30 Joer an de Monsieur Jaimé Lucena, d’Madame Maria Muller, de Monsieur Marc Thines an d‘Madame Svenja Trinckes hun hir 10 Joer am Haus gefeiert.