Donneschdes de 15 Mäerz 2018 huet d’Bewunner- a Personalfeier am Institut St Joseph zu Betzder stattfonnt. No der feierlecher Mass, déi den Abbé Guy Diederich gehal huet gouf an enger personaliséierter Ried deene laangjärege Bewunner a Mataarbechter mat Iwwerreechung vun engem Cadeau Merci gesot. Houfreg zréckkucken op stolz 70 Joer Wunnen am Institut St Joseph konnt d’Madame Mathilde Bischel an op 50 Joer konnten daat den Här Jean-Paul Fox, den Här Léon Streveler, den Här Jean-Paul Voncken, d’Madame Sonja Wiscour an den Här Michel Wagner. Fir 40 Joer gouf geéiert d’Madame Nathalie Prohaska. Fir 30 Joer waren et den Här Manuel Berg an den Här Benoît Olinger. Fir 20 Joer konnten sech freeën d’Madame Annette Hermann an den Här Daniel Ramos Flor. Op 10 Joer zréckkuken konnten den Här Camille Biwer, den Här Mike Schott, den Här Steve Theis an den Här Stephen Tumelero. Fir 30 Joer am Déngscht vum Institut St Joseph krute Merci gesot d’Madame Maria-Rosa Duarte De Eira, d’Madame Claudine Hellenbrand an d’Madame Hannelore Wagner. Fir 20 Joer goufe geéiert d’Madame Lydie Cloos, d’Madame Carole Horper, d’Madame Heike Meier an d’Madame Martine Wallenborn. Fir 10 Joer schaffen an der Betreiung- a Fleegestruktur zu Betzder gouf der Madame Marie-Christine Bauer, der Madame Christine Bocken, der Madame Jenny Bofferding, der Madame Neuza Cabete, der Madame Sandra Da Costa Portilho, der Madame Conny Eilenbecker, der Madame Danielle Nimax, der Madame Viviane Smyslony an der Madame Rachel Wieshoff Merci gesot. Dëst Joer goufen dann och vir d’éischt d‘Mataarbechter vun der Yolande COOP am Kader vun der Bewunner- a Personalfeier geéiert. Fir 10 Joer am Déngscht krute Merci gesot d’Madame Astrid Albert, d’Madame Teresa Alves, d’Madame Josette Brandenburger, d’Madame Maria Braun, den Här Manuel Berg, den Här Luca Buzzi, d’Madame Jeannette Georg, den Här Antoine Firmin genannt „Toni“ Heiderscheid, d’Madame Ana De Iure, den Här Cédric Jaeger, den Här Arsène Kerschen, den Här Wolfgang Kaiser, d’Madame Josephine genannt „Maisy“ Millim, den Här Patrick Origer, den Här Léon Streveler an den Här Marc Thines.