Caeciliefeier vun der Biisser Musek

E Samschdeg, de 25. November, huet d’Biisser Musek seng traditionell Caeciliefeier ofgehalen, déi dëst Joer ganz am Zeeche vun dem 120. Gebuertsdag vum Veräin stoung, deen de Veräin 2018 feiert. Dofir huet d’Musek och schonns virun der Mass fir d’Verstuerwe Memberen vu Musek a Gesank op ee klenge Concert invitéiert. Bei dëser Geleeënheet goufen der Musek hier nei Uniformen presentéiert, déi no der Mass vum Här Paschtouer Joël Santer ageseent goufen. De President Jacques Jacobs huet vun der Geleeënheet profitéiert fir all d’Leit op déi wieder Manifestatiounen am Kader vun der 120. Joer Feier anzelueden. Besonnesch ervirzehiewen um Programm sinn de Galaconcert vun der Musek de 17. Mäerz, de Concert vun der Harmonie St Petrus und Paulus vu Maastricht de 14. Abrëll, an de Concert vun der Big Band vun der Militärmusek de 26. Oktober 2018.


No der Mass war dat traditionellt Veräinsiessen, wou de President folgend Leit fir hier laangjäreg Memberschaft am Veräin konnt éieren: Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer am Veräin un de Loïc Brune an de Georges Lucius, médaille de mérite en vermeil avec palmettes fir 40 Joer am Veräin un de Jeannot Ley an de Pol Schummer, médaille de mérite en argent Grand-Duc Adolphe fier 50 Joer am Veräin un de Jos Krieps, médaille de mérite en vermeil avec palmettes Grand-Duc Adolphe fir 70 Joer am Veräin un den Ernest Wendel, an d’croix de mérite en argent fir 10 Joer Tätegkeet als Sekretär, President a Vize-President un de Claude Schummer. Donieft goufen d’Sylvie Schmitz, d’Cathy Alen an de Pol Schummer fir hiren héije Prouwebesuch geéiert. De President Jacques Jacobs huet a senger Ried op ee beweegten Joer mat vill Aktivitéiten zréckgekuckt, an dem Dirigent Armand Meis souwéi deene Leit déi sech an iergendenger Manéier besonnesch engagéiert hunn, Merci gesot. Dëst waren d’Memberen vun den Organisatiounscomitéen Marche Gourmande a Broschür Gala-Concert, d’Archivaren Norbert Krack, Sylvie Schmitz a Carole Marnach, de Keessjee Marc Alen an d’Malou Reiser. (Foto: Jeannot Ley)