E Samsdeg, den 23. März, hat d’Biisser Musek op hieren traditionnelle Galaconcert „Music 2019“ invitéiert. Eng ronn 250 Leit haten dann och de Wee op Biissen an d’Hal Frounert fonnt an hun ee gelongene Concert mat dem „Special Guest“ Maria Kulowska mat erlieft. Am éichten Deel huet d’Musek ënnert der Leedung vum Armand Meis verschidde klassësch Concertsstécker presentéiert, wéi den „Godfather of Seville“ deen op Extrait’en vum Giacomo Puccini baséiert, oder dem “The Witch and the Saint“. Den zweeten Deel gouf dominéiert vum grandiosen Cellosolo „Casanova“ mat dem Maria Kulowska als Solistin, éier de Concert mat méi populäre Stécker, wéi Medley‘en vun Deep Purple an dem Lionel Richie oder dem Children of Sanchez mam Clyde Martiny als Solist um Bugle, ofgeschloss gouf. D’Echo’en vun den Zuschauer nom Concert waren duerchwegs positiv, a bei engem Patt an der Buvette gouf den Owend ausklénge gelooss.
Méi Foto’en vum Owend kënnt der op eiser Homepage www.fanfarebissen.lu gesin.
(Fotoen: Jeannot Ley)