Uebstbam-Schnëttcours vun der Ëmweltkommissioun Gemeng Biwer

D’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer hat den 1. Abrëll op hiren 2. Uebstbam-Schnëttcours mat engem aktiven Workshop agelueden.

Enner der Uleedung vum Marc Thiel vun der Biologescher Station SIAS a mat der Hëllef vum Fierschter Timo Mann sengem Team hunn déi Interesséiert gewise kritt wéi een Uebstbeem richteg schneide soll.

Am Bongert vum Här Ady Goebel zu Biwer um Knapp, hat d’Amicale vun den Amis de la Croix Rouge viru ville Joren verschidden Zorten Äppelbeem ugeplanzt, déi lo e professionelle Schnëtt néideg haten.

Interessant waren di ënnerschiddlech Schnëttmethoden vum Erzéiungsschnëtt vu jonke Beem bis hin zur Oeschberg-Method bei de méi ale Beem, déi de Marc Thiel de Leit theoretesch a praktesch gewisen huet.

Verschidde Leit hu sech och getraut ënner Uleedung d’Schnëttmethoden auszeprobéieren.

Zum Ofschloss gouf et nach eng kleng Stäerkung an e Patt.