Generalversammlung Réckbléck bei Jonk an Al Gemeng Rammerich

Bungeref. Den 14. Mäerz hat Jonk an Al Gemeng Rammerich hir Generalversammlung am Restaurant La Galerie zu Bungeref. No der Begréissung huet d'Präsidentin dem Comité e grousse Merci gesot fir hiert Engagement am Laf vum Joer. No enger Gedenkminut fir die verstuerwen Memberen hot d'Sekretärin op d'Aktivitéite vum vergaangene Joer zréck gekuckt an den Programm fir dest Joer virgestallt. Wei läscht Joer as och rem dest Joer eng Rees geplangt. Nom Bilan vun der Keess gouf den Tresorier entlaascht. Och dest Joer goufe Membere geéiert : Stadtfeld Francis vu Pärel, Daman-Heusbourg Nicole vun Benzelt (70 Joer); Mersch-Schadeck Albertine vu Bauschelt (75 Joer); Rodenmacher Danielle vu Bartreng, Pierrard Francine vu Martel, Prom Marcel vu Martel, Kemmer-Weintzen Madeleine vun Uewerpallen (80 Joer); Flammang Jos vun der Roumicht, Croat-Rodesch Andrée vu Pärel (85 Joer); Kobs-Loes Irma vu Bungeref, Schonckert Marguerite vu Bungeref (90 Joer).