GENERALVERSAMMLUNG VUN JONK AN AL GEMENG RAMMERICH

Rammerich. Viru kuerzem hat Jonk an Al Gemeng Rammerich hir Generalversammlung am Restaurant La Galerie zu Bungeref.

No der Bergréissung huet d'Präsidentin Rita Sassel-Guirsch dem Comité e groussen Merci gesot fir hirt Engagement am Laf vum Joer an den Memberen fir hir materiell an finanziell Ennerstetzung.

Den Sekretär huet op d'Aktivitéite vum läischte Joer zréck gekuckt an den Programm fir dest Joer virgestallt. Nom Bilan vun der Keess gouf den Tresorier entlaascht.

Och dest Joer goufen Membere geéiert:

Zigrand-Spielmann Madeleine, Pärel; Heiderscheid Marie-Louise, Rammerich; Roder Norbert, Pärel; (fir 70 Joer); Huberty-Koecher Eugénie, Rammerich ; (75 Joer); Berg-Beck Elieth, Ueschdref; Grosbusch Marie-Josée, Dikrech; Flammang-Becker Lina, Roumicht; (80 Joer); Herren-Oste Ada, Bungeref; Thanisch Liette, Reiden; (85 Joer).