Wëllbeientuerm-Prakteschen Naturschutz um Terrain

Bous - Waldbriedemes

Eng Rei Membere vun der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng hu viru kuerzem 12 Kugelakaziestämm zu klengen Insektenhoteler ëmfunktionéiert.

Dës Beem stoungen zu Trënteng am Duerf a sinn duerch einheimesch Beem ersat ginn. Dobäi wor d’Iddi opkomm d’Stämm, déi aus engem ganz haarden Holz sinn nach iergendwéi sënnvoll ze notzen.

Mataarbechter vum techneschen Déngscht vun der Gemeng hunn d’Stämm dunn an enger éischter Phase op Stecker vu gutt 1,5 m ofgeschnidden ,geschielt a geschlaff.

Ab enger Héicht vu 60 cm hunn du d’Membere vun der Ëmweltkommissioun eng Abberzuel vu Lächer mat verschiddenem Duerchmiesser (3-8 mm) an enger Déift vu 6-8 cm an d’Stämm gebuert. An dës Lächer sollen duerno enger ganz Rei vu Wëllbeien an aner Insekten hir Eeër leeë kënnen, déi sech dann och doran zu fäerdegen Insekten entwéckele kënnen.

Fir datt d’Wëllbeien, déi en Ee ofleeë wëllen sech d’Flilleke net verletze, wann si an d’Lächer erakrabbelen, sinn d’Kante vun de Buerlächer duerno och nach «entgrat» ginn.

Déi fäerdeg Stämm ginn da spéitstens virum nächste Fréijoer op ëffentleche Planzen an der Gemeng opgestallt, fir esou de Wëllbeien och an eisen Dierfer nees méi Nistméiglechkeeten ze offréieren an domat och zur Biodiversitéit am Siedlungsraum bäizedroen. Dobäi muss opgepasst ginn, dat Lächer a südlech Richtung kucken, fir datt se optimal vun der Fréijoerssonn opgehëtzt ginn.