Kannerkraïzwee zu Boxer

Boxhorn


E Freideg den Owend hu sech vill Familljen aus der Par Wëntger zesummen op de Wee duerch d’Stroosse vum Duerf gemaach. D’Kanner hun de Leidenswee vum Jesus op eng kannerfrëndlech Aart a Weis nogespillt. Ugefangen guef mam Anzug a Jerusalem wou de Jesus op engem Iesel an d’Stad erakoum an vun de Kanner mat „Hosianna“-Ruffer a klengen Sträisscher begréisst gouf. Dono guef de Jesus vum Pilatus zum Doud verurdeelt. Hien huet dat schwéiert Kräiz mussen droen.

Zum Ofschloss hu sech alleguer an der Kierch ronderëm d’Kräiz versammelt, dat mat Blummen a Käerzen dekoréiert gouf – ee Moment vu Gemeinschaft a Besënnung ëm d' Kräiz als Zeechen vun der grousser Léift vum Härgott fir äis alleguer.

E grousse Merci un all déi, déi dësen besonneschen Moment matgestalt hunn.