D‘Jeunes Mamans vu Consdorf spenden un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D‘Jeunes Mamans vu Consdorf engagéieren sech all Jores fir de gudden Zweck. Sie hunn dëst Joer 1.400 Ouschtereeër gefierft an d’Kanner sinn am Duerf vun Dir zu Dir gaangen fir des flott Ouschtereeër ze verkafen. Duersch des flott Aktioun hunn d’Mammen zesumme mat de Kanner eng Kollekt vun 2.000 € realiséiert. An engem ganz flotte Kader um Camping Buurgkapp zu Consdorf hunn d’Jeunes Mamans zesumme mat de Kanner dee ganz generéise Scheck vun 2.000 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht an ënnerstëtzen esou déi krank Patienten an hir Famillen. www.fondatioun.lu