E groussen Erfollech fir den Vide-Grenier den 13. Oktober 2019 zu Konsdrëf

Och dëst Joer erëm haten, bei extra summerlechen Temperaturen, d’Aussteller ewéi d’Visiteuren, vill Spaass a Begeeschterung beim Handelen gewisen. Fir jidderee war eppes derbäi.


Déi lokal Veräiner hunn dofir gesuergt dat och keen hongereg oder duuschtereg heem gaangen ass. Aus der Grenzregioun konnte mir och e puer Stänn begréissen, wat déi Saach nach méi spannend an interessant gemaach huet.


De Rendezvous fir d’nächst Joer ass geséchert.

Konsdrëfer Floukäpp a.s.b.l.