Cruchten: Et gehéiert schon säit laange Joeren zur schéiner Traditioun bei der Amiperas- Sektioun Noumer, am Mount November, op hirer Journée du Grand Âge, hir Senioren ze éieren. Nom Wuertgottesdëngst mam Diakon Michel Bingen an der Kierch vu Kruuchten huet de Lucien Schaus d‘Memberen vum Senioreveräin mat hirem Komitee all zesumme am Veräinslokal am Paschtoueschhaff häerzlich begréisst an dat sie alleguerten e puer flotter Stonnen beieneen zesummen sollen verbrëngen. No de Wierder vu Wëllkomm a Merci, huet de National- President vun der Amiperas- Zentral, Norbert Tremuth, Zukunfstsvisiounen vum Lëtzebuerger Senioreverband kuurz erklärt an der Amiperas- Sektioun Noumer säi Luew ausgesprach, fir di vill Aktivitéiten, déi de Komitee iwert d’Joer fir seng Senioren organiséiert. Si all sollen weiderhin zesummen op desem Wee an Zukunft och weiderfueren. No der Dégustatioun vun gudden hausgemaachten Schnittercher koum et dunn zur Eierung vun langjährigen Memberen am der Sektioun. E klenge Kado an eng flott Unerkënnung gouf et fir de Jos Aubart zu sengem 75. Gebuertsdag. Fir hir 90 Joer sin d’Lydie Freymann an d’Georgette Schmitz- Flammang och geéiert gin. Hinnen ass fir Zukunft eng gut Gesondheet an nach vill schéi Joeren derbéi gewënscht gin. Mam Opschneiden vum Gebuertsdagskuch huet dess schéi Feier no e puer flotter Stonnen a gudder Ambiance hirt würdigt Ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)