Schéin a flott Momenter bei der Amiperas Sektioun Noumer


Cruchten: Eng gut Zesummenarbecht, engt attraktivt Joer an zefridden Senioren, hun di 31. Generalversammlung vun der Amiperas Sektioun Noumer viru kuurzem am Clublokal zu Cruchten, geprägt. No de Wëllkommensgréiss vum Maria Souvigné a Wierder vu Merci betreffend di wertvoll Matarbecht, déi am vergaangene Joer zesummen mam Komitee am lokalen Senioreveräin geleescht gin ass, gouf och un di verstuerwe Memberen geduecht. Aus dem gut gefëllten Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Edmée Hoffmann- Gales gong hervier, dat niewent 7 Comitésitzungen a véier Portes- ouvertes, internen Gebuertsdagsfeieren, Ausflig mat interessanten Besichtigungen, der onvergiesslicher Vakanz, dem Grillfest, der Chrëschtfeier an der flotter Pappen- Mammenfeier, jiddereen e puer angenehm Stonnen mateeneen konnt verbrëngen. Als éischt fir 2024 steet eng Porte-ouverte den 17. Abrël niewt der Bedeelegung um Télévie- Dag den 20. Abrël zu Noumer um Programm. Grillfest ass fir den 17. Juni geplangt. Den Keessier Lucien Schaus konnt e posititive Finanzbericht virléeen, den och vun de Keesserevisoren Jos Aubart an Fränz Hoffmann als exakt bestätigt gouf. Och der Gemeng Noumer gouf villmols Merci gesoot fir hire finanziellen Beitrag. A senger Laudatio huet Buergermeeschtesch Sophie Diderrich di vill Aktivitéiten vum Senioreveräin geluewt, op den Télévie-Dag dest Joer zu Noumer higewissen an och an Zukunft di weider Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesoot. Beim Punkt Verschiddenes: huet de Komité d‘Iddien, Virschléi an Zukunftsaktivitéiten vun der Versammlung och gären zur Kenntnis geholl. Vir d’Erweiderung vum aktuelle Komitee war keng Kandidatur eragaangen, den elo nach wi vor esou ausgesäit: Edmée Hoffmann (Sekretärin); Lucien Schaus (Keessier ). Memberen bleiwen: Germaine Biren, Triny Fantin, Maria Souvigné an Marianne Olsem. (CR) (Foto: Charles Reiser)