Dëss Fräiheetslann, dei ons Onofhängegkeet repräsentéiert, huet komescherweis den 2ten Weltkrich iwerliewt. „komescherweis“ well während der däitscher Besatzung alles wat un t‘Onofhängegkeet erënnert huet, eweggeholl gouf.
Am Kader vun der 750-Joer Onofhängegkeetsfeier huet den Dikrecher Schëfferot decidéiert, op Initiative vum Georges Linster hin, eng Plack anzeweien, op där t’Bedeitung vun der Fräiheetslann erklärt ass.
De Schëfferot ass frou, dass och de Pätter (Dory Manon, haut Tit) an t’Giedel (Lydie Eyschen, haut Ketter) vum Bam bei dëser Feier dobäi konnte sin.
Hei een Ausschnëtt aus dem Här Tit Mannon sénger Ried:
Här Burgermeeschter, dir Häre Gemengeréit, dir Dammen an dir Hären
Erlabt mir als deemolege Pätter vun dëser Freiheetslann just e puer Wuerd ze son.
1839: Nodeems mer vun 1831 bis 1839 e Stéck vun der Belscht waren,hate mer 1839 d’chance vun hinne lass ze kommen. Lëtzebuerg hat vun do un déi Grenzen déi et och hett nach huet. Mir hun zwar deemols un d’Belscht dee ganze wallouneschen Deel verluer, ma ech froe mech ob dat net och e Glécksfall fir eis Sprooch war déi sech du mi frai entwéckele konnt: 20 Jar duerno huet de Mëchel Lentz sei Feierwon verfaasst, e puer Jar duerno ass ons Heemecht entstan an eisem Dicks seng populär Theaterstécker. An et ass jo eis Sprooch déi nach hettesdaags eis national Identitéit mécht.
1939: Dat war en Héichpunkt hei am Land. Do ass an all Stad an op villen Dierfer gefeiert gin, an der Haptstad war e formidablen historesche cortège, hei zu Dikrich e gruusst farweg Landwuelfest – an et ass hei eis Freiheetslann geplanzt gin. Pätter a Giedel waren e Jung an e Meedchen aus dem 6. Schulljar, d’Giedel war d’Lydie Eyschen, hett Madame Ketter déi hei niewent mer steet. Wi mei Kolleg, de Linstesch Georges richteg bemierkt huet , su eng Euphorie guw et am Land nach ni virdrun an net mi duerno. Mir wossten ueder hu gespuurt watt op eis duerkim. En halleft Jar duerno kum den 10.Mee 1940 an ech brauch iech net ze soe watt dat bedeit huet.
Suguer wi endlech am September 1944 d’Amerikaner eis befreit hate, war no enger Explosioun vu Freed geschwënn nees d’Suerg do fir all déi di nach net nees doheem waren: Deportéiert wi d’Lydie hei, Ons Jongen an deer verhaasster grénger Uniform, d’Jungen aus dem Maquis an déi an den alliéierten Truppen; a suguer den 8.Mee 1945 wi de Krich an Europa eriwer war, waren se nach laang net all aus der Deportatioun an aus de Gefaangenelageren wi zB Tambow, erëm.
Mei Jargank, 1927, war dobai nach gudd eweg komm, déi ee Jar mi al, vun 1926, hate misse fort an den RAD an dun an d’Wehrmacht. An och eis Lann hei war gudd dervu komm. Wossten d’Preisen et net ueder hu s’et net derwäert fonnt, si hun er neischt gedon. Si war jo och kee gëllene Bam an et war deemols nach keng Plack drun – glécklecherweis. An duefir konnt si och roueg wuessen a steet hett net mi als klenge Beemche mä als kräftege Bam virun eis.
2010: Mir wëlle se jo och net vergëllen, et geet eis duer datt si op enger Plack erzeelt wuefir si hei steet. An duefir soe mir och den Häre Burgermeeschter a Gemengeréit e gruusse Merci – ma ech wëll awer och net dee vergeessen deen heibei wiirklech di dreiwend Kraaft war, ech giw bal soen de „perpetuum mobile“, nämlech de Linstesch Georges ueni dee mer hett net hei stingen.
An ech mengen, naischt giw eis Gefiller hei an hett besser ausdrécke wi di 2. Stroph aus eiser Heemecht .
Tit Mannon
(PHOTOS: Service culturel, Ville de Diekirch)