Am Kader von den Erënnerungsfeierlechkeeten on d'Ardennenoffensiv war zu Noville eng ganz würdeg Gedenkzeremonie fir déi Jonk Leit, déi den 21. Dezember 1944 von den däitschen SS Leit erschoss goufen. Ënnert hinne war och de Michel STRANEN von der Trätterstrooss. 1921 gebuer, war hien am RAD an dono an d'Wehrmacht gezwonge ginn. Hie war desertéiert an hat zu Moinet bei Baaschtnech eng Stopp fonnt. Ewéi déi him net méi sécher genuch geschéngt hott, hat hien sech mam Vëlo op de Wee gemaach an ass dunn zu Noville von der SS verhaft ginn a mat 7 anere Leit aus dem Duerf erschoss ginn.