Kultur um Duerf (Draufelt)
Fir de Nationalfeierdag hat den Yves RADELET zesome mam Serge TONNAR op e besonneschen Owend ageloden. Opgedëscht goufe Musek a Gastronomie vom Allerfeinsten.
De Serge war a Begleedung vom Boris SCHMIDT um Kontrabass a vom Michel MEIS op der Batterie. E ganz harmoneschen Trio hott Lidder, déi schonn 20 Joer al sënn an engem neie Klanggewand virgedroen. An och wann et al Lidder waren, on Aktualitéit honn se näischt verluer, am Contraire. D'Welt ass net besser ginn, a wat kënnt net nach Alles op eis dor.
Nom musekaleschen Deel hott den Yves mat sengem Quintett, oder waren et der 6, e wonnerbare Menu mat villem vir- an hannendrun opgedëscht. Nom Wiessel mol d'Scheif goung et op déi Belsch Plage an dunn den Opruff op Fridden Nondijö. No der Fata Morgana gouf et Sorbet mat Crémant aus der Chamber an net aus dem Wangert. Dono beim Haaptplat wollte märr bleiwe wat märr sinn. An dunn zum Schluss, et war schonn däischter, de Bommeleeër.
Et war net keen, deen eis e schéinen Owend gemach hott.