Viru kuerzem hat de Comité vum Keeleclub KC82 Eechternoach op sain 40. Gebuertsdag an den „Hihof“ zu Iechternach agelueden. Vill aktuell awer och fréier Memberen vum Verain waren der Aluedung nokomm.
A senger Usproch huet den Präsident vum KC82, Charel Jung, all deenen Merci gesot, déi et erlabt hun de Verain um Liewen ze erhalen. Vill Verainer hu missen an denen leschte Joeren ophalen, well hinnen d’Spiller ausgange sin, oder si keng Keelebunn méi zu Verfügung haten. Dovun ass de KC82 Iechternach gottseidank verschouent bliwen, sou de Präsident weider. No engem kuerzen Reckbleck op déi vergangen 40 Joer vum KC82 enner sengen Präsidenten Jempi Spartz, Marcel Reisdorf, Ritsch Wagener an sait 2016 Charel Jung, huet de Präsident och op déi sportlech Erfolleger zereckgekuckt. Vun der 3. Divisioun bis an d’Nationaldivisioun hat de Verain et gepackt an huet och an der Coupe FLQ emmer gudd ofgeschnidden. D’lescht Joer stungen si souguer an der Final, hun awer op just 4 Keelen déi 1.Plaz verspillt.
Bei engem ofwiesslungsraichen Buffet an dem traditionellen Gebuertsdagskuch ass desen Owend gemittlech ausklengen gelooss gin.