GENERALVERSAMMLUNG BASILIKA CHOUER EECHTERNOACH

Kierzlech hat den BasilikaChouer seng Generalversammlung am Veräinshaus. Den President Jean Limpach huet dobäi häerzlech d'Madame Carole Hartmann, Buergermeeschtech vun Eechternoach, den Präses F.Erasmy sou wéi den Dirigent Marc Juncker an den Organist Jos.Majerus , begréisst. En decken Merci goung vun him un den ganzen Chouer fir hiren onermiddlechen Asaz, hir Disziplin an hir Mënschlechkeet beim Gestalten vun allen Optrëtter. En gudd gefëlltend musikalescht Joer ass eriwwer, ma den Programm fir 2024, deen vum Dirigent Marc Juncker presentéiert gouf, lësst sech och weisen. Den Schwéierpunkt vun desem Programm ass, nieft all dénen aneren Massen an Obligatiounen, deen am Kader vun eisen 170 Joer Chorale geplangten Concert den 20/12/2024 "SINGENDE KLINGENDE BASILIKA" mat der Chorale vun Jonglënster an dem Orchester Estro Armonico, ënnert der Leedung vum Marc Juncker.

De gesonden Bilan ass vun der Trésorière Danièle Schmit présentéiert gin an , kontrolléiert vun den Keeserevisoren, unanime acceptéiert gin.

Mat enger neier Kandidatur besteet den Comité elo aus 5 Leit :

Jean Limpach, Viviane Zeimetz-Lemmer, Cecile Theisen , Danièle Schmit-Koch an dem Carmen Engels-Detampel. 2 nei Sänger konnten och begréisst gin : den Carlo Hauer (Bass) an den Volker Mayer (Tenor).

No engem warmen Merci vum Präses F.Erasmy un all Sänger.innen , huet d'Madame Carole Hartmann nach e puer häerzlech Wieder un eis all geriicht. Dobei huet Sie betount wéi wichteg d'Erhalen vun den Letzebuerger , an speziell den Eechternoacher Léider fir eisen Patrimoine ass. Den Owend ass bei engem gudden Pättchen an engem klengen Maufel harmonesch ofgeschloss gin.