„No der grousser Vakanz 2021 hat et e Moment esou ausgesinn, wéi wann mir d’Covid-Pandemie hannert eis gelooss hätten“, sou d’Sekretärin vun der Elterenvereenegung Nathalie de Jong-Vezin um Ufank vun hierem Akltivitéitsrapport. Deem war awer nach net esou. Am Hierscht sin d’Zuelen vun den Infektiounen erem stark no uewen gangen, an dat huet mat sech bruecht, dat d‘ APEEF hiert Schaffen huet missen stark aschränken. Bis an den Abrell 2022 eran konnten si leider keng Aktivitéiten organiséieren oder hier Mathellef ubidden.
E puer flott Saachen konnten si dann awer nach, wann och an enger der Situatioun ugepasster Form, duerchféieren.
Fir d’Rentrée 2021 kruten d’Kanner aus dem Cycle 2.1 en flott Buch als Wellkommenscado an der „Grousser Schoul“. Dat Joer dann zwar ouni den tradionellen Kaffi oder Croissant.
D‘Generalversammlung 2021 konnt net wéi gewinnt stattfannen. D’Memberen kruten awer am März 2021 vun der Präsidentin Annick Prim-Leitz de „Rapport d’Activités 2021“ souwéi de Keesebericht schreftlech zougestallt.
Nodeems den Kannerfuesbal och nach ausgefall war, ass et dunn lues a lues besser gin. Eng éischt Aktivitéit war d‘ Participatioun un der Aktioun „Gouss Botz“ am Abrell 2022. Um Schoulsportdag konnt d‘APEEF leider keng Hand mat upaken, well dat Evenement op verschidden Deeg verdeelt gi war. Am Juni hun hier Memberen un der Coupe scolaire aktiv matgehollef. D‘Schoulfest am Juli 2022 konnt dunn awer nees ouni Aschränkungen stattfannen, wann och net méi am Schoulhaff, mee dofir virun enger megaschéiner Kuliss a bei Superwieder um Iechternacher See.
De 15.Juli ass d’Schouljoer mat enger Waasserglace fir all Kand ofgeschloss gin.
Fir d’Zukunft hofft d’Elterenvereenegung dat et weider biergop geet, an si hieren gewinnten Aktivéiten erem können nokommen, esou wéi si dat emmer gemat hun.
Um Schluss vun der Versammlung konnt d‘APEEF mat dem Sascha Hipp an dem Pia Wohl nach zwee nei Memberen am Comité wellkomm heeschen. Traditionell guefen zwee Schecker iwerreecht, 1 000 Euro un d‘ Millermolerschull an 750 Euro un de Foyer du Jour Hämelmais.
Dem neie Comité vun der APEEF gesait elo folgendermossen aus: Annick Prim-Leitz, Präsidentin; Sandra Da Rocha Ribeiro, Kees; Nathalie de Jong-Vezin, Sekretariat; Carole Gylfason-Decker, Luisa Reis, Gavin Hodgson, Yasmine Stoltz, Pia Wohl, Sascha Hipp, Memberen.