Wiésselhaft Unfang der Woch - ab Donneschten Nuetsfrascht !


Gudden Moien alleguerten ! :-) Méinden (Valentinsdag),den 14.2.2011 um 5.20 Auer.

Sait leschten bis zu 3 Liter/m² Réen an 3,4 Sonnenstonnen,souwéi Maximal-Werter vun bis zu 12°C um Samsden an Sonnden knapp 9°C - sou hat sech dén leschten Weekend présentéiert !

Wéi géet et weider ?? Nun :

Haut um *Valentinsdag* kraischt den Himmel - néen net wéinst dem Valentinsdag,mée duurch éen Frontensystem wat ab Nometteg an Owend iwer eis ewéch zitt.
Desen Frontendurchgang ass mat Réen verbonnen,dén bis an den Densden eran unhält (mat Ennerbréechungen).Typesch fir éen Februar,dén sain Numm Spéitwanter bis elo nach net verdéngt huet.
Haut gin et nach mol bis zu +10°C ! Nexten Nuecht kann den Queckselwer bis op +3°C falen !
Um Densden ass et nach liicht wiésselhaft an et sin nach puer Réendrepsen méiglech ! Densden sin just nach maximal +8°C dran !
Den Wand aus Süden kann um Méinden an Densden mol bis zu 30 km/h erréechen !

Den Mettwoch misst et drechen bleiwen bai maximalen +8°C an wéi et ausgesait den Donneschten och !
Ab Donneschten och am Dag weider falend Temperaturen !

Oppassen : An der Nuecht vun Méinden op Densden kann den Queckselwer bis op den Gefréierpunkt falen,oder och nach liicht drenner - durch Reschtnätzt kann et plaatzenweis liicht unzéihen !!

Nuetsfrascht ab Mett der Woch :

An der 2.Halschent vun der Woch ass erem liichten Nuetsfrascht méiglech,wou et wéi et elo aktuell ausgesait bis op -3°C erof kann gohen - lokal sin suguer bis zu -5°C dran ! Donst an,-oder Niwelbildung muss dann och erem an Betruecht gezun gin !

Voila,déi éischten 3 Déeg vun der Woch schéngen kloer ze sin - kucken mir wat ab Donneschten geschitt ?!
+++Beschen schwéier fir am Moment 100% secher Prognosen ze treffen,mir louchen elo um leschten Weekend op der meller Sait vun énger Loftmassengrenz,bai eis bis zu 12°C an Réen an am Norden an am Nordosten vun Daitschland Schnéifall an Minustemperaturen um leschten Weekend.+++

Fest steht op allen Fall,daß mir déi éischten 3 Déeg vun der Woch ennert Déifdrockanfloss leien,wat eis éen onbestännegen Wiédercharakter bréngt.
Wéi et sech verhält mat den tatsächlechen Minustemperaturen ab Mett der Woch,dat kucken mir um Densden Metteg,et steht nach beschen op der Kipp - bis dohin.....;-)

Kommt gudd an déi nei Woch an paßt wéi emmer gudd op den Stroossen op - den "Spéitwanter" ass nach net ausgestaanen ! ;-)
P.S. An schénkt ärer Léiwster oder Léiwstem haut vill Opmiérksamkéet,oder éng waiss oder giél Rous - rout Rousen sin langweileg ! ;-)

Wehnert Achim - Eechternoach.