Net schlecht gestaunt hunn de mueren d'Chauffeuren, wéi si a Richtung Stad respektiv Richtung Eech-Beggen net méi weider koumen, an eng Deviatioun hu missen fueren.
Jo d'Eecherplaz stong a steet am Moment nach ënner Waasser: fir déi eng kuckeswert an och intressant fir ze knipsen, fir déi aner Ierger an Onbequemlechkeeten, well iwwerschwemmte Kelleren a keng Méiglechkeet e Bus ze huelen ass jo ower net sou lëschteg.
Do heescht et Gedold hunn a versichen dat Bescht draus ze maachen........