Haut wor zu Iechternach an der Jugendherberg d'Meeschterschaft am Sportklammen. Bei de Medercher an der Kategorie B koum d'Laurence WAGENER vum Boulder KLUB LËTZEBUERG op déi 2. Plaz.. Neie Champion bei den Hären ass de Jerry MEDERNACH vum BKL, eigentlech ee Boulderer, dee sech ower souverän konnt virun der Konkurrenz duerchsetzen.
Dës zwee gutt Resultater si secherlech d'Friichte vun engersäits strengem Training, anerersäits vun enger gudder a flotter Infrastruktur, déi dem BKL mat Hëllef vun der Gemeng Lëtzebuerg gestatt gëtt.