Nei Präsidentin CTF Iernster

Eng nei Presidentin fir den CTF Iernster

Bei der Generalversammlung ass d’Mme Julie Spanier (3. vu l) aus perséinleche Grënn no 15 Joer als Presidentin zréckgetrueden. D’Memberen hunn dat mat Bedaueren ugeholl an hunn hir mat engem passende Cadeau Merci gesot. Eenzeg Kandidatin fir hir Nofolleg war d’Mme Sylvie Debra (4. vu l), déi mat Begeeschterung ugeholl ginn ass. Mir wënschen hir vill Freed an Erfolleg op hirem neie Posten.